Am Lokalen2 Accidenter um Méindeg den Owend mat all kéiers engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Méindeg den Owend zu zwee Accidenter op eise Stroossen. Zwou Persoune goufe blesséiert.
© RTL Archivbild

Kuerz no 19 Auer gouf et een Accident um Parking um Glacis. Hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm.

Och zu Zolwer an der Bielesser Strooss gouf et eng Kollisioun vun zwee Ween.

Bei béiden Accidenter gouf all kéiers eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO