
En Automobilist war hei an e geparkte Gefier gerannt a gouf dobäi blesséiert. D’Secouriste vu Weiler a Réiser an aus der Stad, grad wéi och de Samu-Noutdokter waren op der Plaz. Detailer feelen nach.
Géint 20 Auer e Sonndeg den Owend gouf et zu Munneref an der Avenue Francois Clement och nach eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Hei gouf och eng Persoun verwonnt.