Op eise Stroossen2 Accidenter an 2 Blesséierter um Sonndeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Sonndeg de Moien zu 2 Accidenter op eise Stroossen.
© RTL Archivbild

Géint 5.45 Auer gouf et en Accident mat engem Auto am Rond-point Raemerich zu Esch.

Kuerz virun 7.30 Auer krute sech op der Nordstrooss tëscht Miersch a Colmer-Bierg 2 Ween ze paken.

A béide Fäll gouf all kéiers eng Persoun blesséiert. Weider Detailer sinn net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO