Zu Hollerech, um Site vun Heintz van Landewyck a Paul Wurth, solle Wunnengen, Büroen a Geschäfter entstoen.
D'Terraine leie verstoppt tëscht der Hollerecher Strooss an der Zuchstreck Richtung Rodange. 21 Hektar sinn et am Ganzen. D'Pläng gesi vir, datt hei 2.200 Logementer entstinn. Tëscht 4.500 an 6.000 Leit solle spéider hei wunnen a 5.500 Leit sollen hei schaffen.
De private Parc vun Heintz van Landewyck bleift erhalen an geet an déi ëffentlech Hand iwwer. Dëse Parc soll den Zentrum vum Quartier Nei Hollerech ginn, mat Geschäfter a Restauranten op de Plaze ronderëm d'Gréngzon. Net just de de Parc, ma och eenzel al Gebaier sollen erhale bleiwen an an de Projet integréiert ginn. Wéi zum Beispill dat aalt Verwaltungsgebai vum Zigaretteproduzent, wat schonn an d'Rei gesat gëtt an duerfir net zum PAP gehéiert.

Fir dëse Projet ginn och eng ganz Rëtsch nei Stroosse gebaut an de Quartier Nei Hollerech gëtt och un den Tram ugebonnen.
Den Interesseveräin Hollerech gesäit d'Pläng éischter kritesch. Hir gréisste Suerg ass d'Dimensioun vum Projet. Si fäerten, datt hei eng zweete Cloche d'Or entsteet.