Coronavirus zu Lëtzebuerg199 Neiinfektiounen an dräi Doudeger e Méindeg

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 888 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 72 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 23 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 940.551 Impf-Dosisse genotzt. 3.904 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn, fir 683 Leit war et déi éischt Impfung, bei 518 déi zweet. 2.703 Opfrëschungsimpfunge goufen et zudeem.
E Méindeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 52,77 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 20,59 op 100.000.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO