
Een Doudege bei engem Aarbechtsaccident op engem Chantier um Cents, mellt e Samschdeg de Moien d'Lëtzebuerger Police. Den 19-Joer ale Mann wär schonn en Donneschdeg vun enger Leeder gefall an dobäi schwéier blesséiert ginn. De Mann ass e Freideg den Owend un der Suitte vu senge Blessuren am Spidol gestuerwen.