Déidlechen Accident tëscht Schuller/Lampech18 Méint Prisong, Geldstrof a Fuerverbuet vun 51 Méint

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am Nomëtteg gouf e jonke Mann um Stater Geriicht zu 18 Méint Prisong mat Sursis verurteelt, dat wéinst dem déidlechen Accident am Juni 2017.
© Police

Geschitt ass d'Verkéiersongléck tëscht Schuller a Lampech. Donieft krut den Ugekloten och eng Geldstrof an Héicht vun 3.000€ an 3 Fuerverbueter vun am Ganzen 51 Méint, 21 dovu mat Sursis a fir 30 Méint gëllt eng Exceptioun fir op d'Schaff. Ausserdeem muss hie 7 Familljemembere bal 100.000 € Schuedenersatz bezuelen an et gouf eng Confiscatioun vum Auto versprach.

De Mann hat virun zwee an engem hallwe Joer an enger Kéier d'Kontroll iwwer säin Auto verluer. D'Gefier war doropshi frontal an e Bam gerannt an d'Bäifuererin vun deemools 36 Joer nach op der Plaz gestuerwen. De Chauffeur hat zum Zäitpunkt vum Accident ronn 1,75 Promill Alkohol a Spuere vu Cannabis am Blutt.

RTL NEWS: 36 Joer al Fra kënnt bei Accident ëm d'Liewen
RTL NEWS: Homicide involontaire: Mat 90 km/h an de Bam, Spure vun Alkohol an Drogen am Blutt

Back to Top
CIM LOGO