
D'Sécherheet op der Gare hätt sech ganz visibel verschlechtert, esou de Laurent Mosar a senger Question élargie. Virun allem d'Situatioun zu Bouneweg sollt elo an de Grëff geholl ginn. Laurent Mosar:Zanter zwee Joer géingen d'Awunner vu Bouneweg schonn dorop waarden, dass Kameraen installéiert ginn. De Laurent Mosar huet de Minister Henri Kox dozou opgefuerdert, sech d'Situatioun am Quartier mol unzekucken. Hei wier et nämlech op verschiddene Plaze genee wéi am Garer Quartier.
Doropshin huet de Policeminister Henri Kox am zweeten Ulaf geäntwert, dass hien elo nach soen kéint, ob Kameraen op Bouneweg géinge kommen. D'Police-Presenz um Terrain wier donieft och en Deel vun der Léisung, esou de Minister Henri Kox. An do géing och dru geschafft ginn, fir dem Manktem vu Beamten um Terrain entgéintzewierken.
Henri Kox:De Recrutement géing gutt verlafen, et hätt een ëm 700 Kandidatinnen a Kandidate fir déi 200 Posten, domadder wier ee sech also sécher, dass dat Zil vun 200 neie Plazen op jidder Fall fir dëst Joer kéint erreecht ginn.
Ee Knackpunkt an der Diskussioun war dann nach de Plazverweis, fir dee sech de Policeminister Henri Kox awer net ausgeschwat huet. Virun allem en allgemenge Plazverweis wier fir de Minister keng Léisung. Vill méi sollt een an déi laangfristeg Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit setzen.
Am Fréijoer 2019 gouf nämlech d'IGP Inspection générale de la police vum deemolege Minister fir bannenzegt Sécherheet François Bausch domat beoptraagt, eng Etüd ze maachen, fir erauszefannen, ob d'Videoiwwerwaachung vun der Police mam Numm Visupol effikass ass.
Een Element vun der Etüd ass e Sondage, fir erauszefannen, wéi een Impakt d'Videoiwwerwaachung op dat objektiivt an subjektiivt Sécherheetsgefill vun de Leit huet. A genee dee Sondage gouf rezent an enger urgenter parlamentarescher Fro vun de Stater CSV-Deputéierte Mosar a Wilmes thematiséiert, déi wëssen wollten, wat et domat op sech hätt. De Minister fir bannenzegt Sécherheet Henri Kox huet en Donneschdeg de Moien Äntwerte ginn.
Dëse Kamera-Iwwerwaachungs-Dispositif vun der Police gëtt et just um Terrain vun der Stad Lëtzebuerg, deemno goufen och just Stater Quartiere fir de Sondage erausgesicht, déi och spezifesch mat esou Kameraen equipéiert sinn. Dat sinn am ganze ronn 16.000 Stéit aus de Quartiere Gare, Lampertsbierg, Bouneweg Nord&Süd an Verluerekascht. D'Invitatioun fir de Sondage louch virun 2 Deeg, den 8. Dezember an der Boîte. Mat deenen Donnéeë kënnen d'Leit nach bis den 18. Dezember a 7 verschiddene Sprooche bei der Ëmfro matmaachen. D'IGP wäert d'Resultater vum Sondage Mëtt Januar 2021 kréien an da fir d'Etüd verschaffen.
Als Beoptraagte vun der Etüd huet d'IGP sech ëm de Froe-Katalog an Zesummenaarbecht mam Sondage-Institut gekëmmert. Et gouf sech dobäi notamment op eng Etüd aus dem Joer 2011 iwwer de Visupol-Dispositif baséiert. Donieft gouf sech fir d'Froen och um „Defus-Monitor" inspiréiert, déi vum däitsch-europäesche Forum fir urban Sécherheet entwéckelt gouf.
Et wär an deem Kontext och no den entspriechende methodologesche Standarde geschafft ginn. D'Ëmfro gouf vum Ministère fir bannenzegt Sécherheet finanzéiert. Et handelt sech ëm Käschtepunkt vu knapp 23.400 Euro, déi och am Budget vun 2020 virgesi war.