FAGE155 Milliounen Euro soll d'Jughurt-Fabrik tëscht Diddeleng a Beetebuerg kaschten

Roy Grotz
En Investissement vun 170 Milliounen Dollar, eng ronn honnert Aarbechtsplazen an eng Joresproduktioun vu ronn 40.000 Tonne griicheschem Jughurt.
© RTL Archiv

Dëst sinn déi aktualiséiert Eckchifferen, déi de Wirtschaftsminister an Ëmweltministesch zu der geplangter Implantatioun vun der Firma FAGE tëscht Diddeleng a Beetebuerg liwwert.

Dës Zuele bezéien d'Ministeren Dieschbourg a Schneider op eng éischt Phas, wann d'Produktioun géif gutt lafen, a wann et zu enger zweeter Phas géif kommen, kéint d'Produktioun bei FAGE esouguer verduebelt ginn. Da géifen och weider 70 Milliounen Dollar investéiert ginn.

Wat d'néidegt Waasser fir eng geplangte Jughurt-Fabrik ugeet, sou wieren dës Quantitéite vun 2021 u geséchert, sou d'Ministeren. Zu deem Ament géif eng nei Anlag vun der SEBES zu Eschduerf a Betrib goen, vu wou aus och Drénkwaasser kéint fir d'Entreprise geliwwert ginn.

All dës Informatioune liwweren d'Ministeren op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum CSV-Deputéierten Claude Wiseler.

Wou genee de Plang vum Bau vun der Jughurt-Fabrik drun ass, déi an der Industriezon nieft der Diddelenger Autobunn gebaut gëtt, präziséieren d'Ministeren net - et geet och net dovu riets, a wéi engem Stadion d'Autorisatiounen an déi respektiv Ëmweltpréiwungen dru sinn.

Back to Top
CIM LOGO