Policekontroll op der A7152 Verstéiss géint Verkéiersreegelen, 119 Chauffere waren ze séier

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat en Donneschdeg den Owend eng Kontroll op der A7 duerchgefouert. Et hate sech vill Leit beschwéiert, dass sech do net un d'Reegele gehale gëtt.
© RTL Archivbild

Wéi d'Police mellt, goufen 152 Verstéiss géint Verkéiersreegele festgestallt. 119 Automobiliste waren deels däitlech méi séier ënnerwee wéi erlaabt, 2 vun hinne waren därmoossen ze séier, dass si de Permis nach op der Plaz ewech geholl kruten.

An der Lescht hätte sech vill Leit wéinst falschem Fuerverhalen op der A7 beschwéiert.

De Permis lass, waren och 2 aner Chaufferen.

Géint 1.30 Auer an der Nuecht op e Freideg gouf an der Bielesser Strooss zu Esch ee Chauffer ugehal, deen ze vill gedronk hat. Ze déif an d'Glas gekuckt, hat nach een Automobilist an der Ettelbrécker Strooss zu Wolz kuerz virun 2 Auer.

Back to Top
CIM LOGO