Bannent 3 Joer150 Dageseltere manner

Roy Grotz
Alles an allem ginn et eng ronn 1.450 Accueil-Strukturen den Ament em Land, wouvunner een Drëttel Dagesmammen oder Dagespappe sinn.

Et stëmmt, datt d'Zuel vun den zougeloossenen Dageselteren am Land réckleefeg ass: dat op mannst, wann een d'Statistiken tëscht 2016 mat ronn 700 Dageselteren an elo, mat enger Offer vun nach 552 Dages-Eltere vergläicht.

Dës Zuele liwwert den zoustännege Minister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm, déi sech op Nouvellë vun der ASBL "Dageselteren Network" berifft.

Vun dëser Source heescht et, datt Elteren déi hir Kanner bei Dageseltere ginn, 3,75 Euro d'Stonn rembourséiert kréien, iwwerdeem et an den ëffentleche Strukture 6 Euro sinn.

Wéi de Minister präziséiert, wier d'Zuel vun den Dageselteren zanter dem Aféiere vum Jugendgesetz 2017 réckleefeg, well et zanterhier aner Qualitéits-Ufuerderunge fir dës privat Strukture ginn.

Dës gesetzlech Uspréch ginn och kontrolléiert: esou goufen et zejoert 54 esou net-ugemellt Kontrollvisitte bei Dageselteren.

An de Strukture vun de ronn 550 Dageseltere ginn eng ronn 3.050 Kanner betreit, wouvunner dëse Service iwwert de Chèque-service accueil rembourséiert ginn.

Alles an allem ginn et eng ronn 1.450 Accueil-Strukturen den Ament em Land, wouvunner een Drëttel Dagesmammen oder Dagespappe sinn, déi dee Service bei sech doheem offréieren.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO