StartupsVsCovid1915 Projeten am Kampf géint de Covid-19 goufen zeréckbehalen

RTL Lëtzebuerg
Am Abrëll hat de Wirtschaftsministère en Opruff zum Thema "StartupsVsCovid19" lancéiert. 29 Projete goufen eragereecht, 15 goufen zeréckbehalen.

Zesumme mat Luxinnovation gouf dës Initiativ an d'Liewe geruff. Jonk a motivéiert Firmen goufen opgeruff, hir Projeten zur Entwécklung vun technologesch baséierte Produiten oder Service ze proposéieren, déi drop ausgeriicht sinn, déi wirtschaftlech, gesondheetlech a gesellschaftlech Suitte vun der Corona-Kris ofzeschwächen oder z'iwwerwannen.

Iwwer 300 Start-ups hate sech gemellt, wouvun 29 Kandidature ausgewielt goufen, déi Uganks Mee virun enger Jury, bestoend aus Vertrieder aus dem Wirtschaftsministère, Luxinnovation, dem Technoport, Luxembourg-City Incubator, dem House of Starups a LHoFT, presentéiert goufen. Um Enn si 15 Projeten iwwreg bliwwen, déi eng finanziell Ënnerstëtzung vu bis zu 150.000 Euro kréien, fir un der Weiderentwécklung kënnen ze schaffen.

PDF: Déi 15 Projeten

Back to Top
CIM LOGO