Justizministère15 Persounen hunn am Moment zu Lëtzebuerg eng Foussfessel

RTL Lëtzebuerg
Zanter dass dës Mesure 2018 agefouert gouf, hu gutt 200 verurteelt Persounen dovu profitéiert.
© RTL Archiv

Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 15 Leit, déi eng Foussfessel unhunn. Iwwert dee Wee kënnen dës Leit en Deel vun hirer Strof an eng Zort iwwerwaachten Hausarrest ëmwandelen.

Dat gëllt entweder fir Leit, déi zu manner wéi 3 Joer Prisong verurteelt goufen oder fir dat lescht Joer vun hirer Strof, wann dës méi laang war. Dat erkläert d'Justizministesch Sam Tanson an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Leon Gloden.

Zanter dass dës Mesure 2018 agefouert gouf, hu gutt 200 verurteelt Persounen dovu profitéiert. De Gros dovu ware Leit, déi kuerz Prisongsstrofen haten an dës Zäit duerch en iwwerwaachten Hausarrest konnten ersetzen.

Am Kader vun haislecher Gewalt, gëtt d'Foussfessel bis ewell nach net agesat. Allerdéngs géifen aktuell Gespréicher lafen, fir an deem Sënn ze legiferéieren, esou d'Justizministesch weider.

Allgemeng wier de Bilan vun der elektronescher Iwwerwaachung och positiv, heescht et an der Äntwert vun der Ministesch. Et hätt wuel eng Rei technesch Dysfonctionnementer ginn, ma bis ewell wier dat nëmme seelen op muttwëlleg Manipulatiounen zeréckzeféiere gewiescht. An deene meeschte Fäll wieren d'Problemer doduerch komm, dass d'Equipement vereelzt wat oder falsch benotzt gouf.

Nächst Joer géif iwwerdeems och den aktuelle Marché public oflafen, an da géif gekuckt ginn, wéi eng nei Technologien et an deem Beräich gëtt a wéi eng nei Software een an Zukunft wéilt benotzen.

Back to Top
CIM LOGO