
Iwwer 8 Joer no de Faite gouf sech e Mëttwoch de Mëtten um Stater Geriicht nach emol mat enger Affär befaasst, an där et u sech ëm 3 Mol versichten Doudschlag, am Februar 2012 zu Esch goung. Am Juli 2018 waren dowéinst awer just 2 vun den am Ganzen 12 Ugekloten zu enger fester Prisongsstrof verurteelt ginn.
Ee vun deenen zwee hat, an Ofwiesenheet, ee Joer feste Prisong kritt an eng Geldstrof vu 1.500 €. Den haut 30 Joer ale Mann sot, hie wär virzejoert net fir säi Prozess ugetrueden, well hien deemools keng fest Adress gehat hätt. An hien hätt Appell gemaach, well hie sech sengerzäit net verdeedege konnt.
„Well Dir net ugetruede sidd, war kee Sursis méiglech“, huet d'Presidentin vum Geriicht erkläert, wouropshin d'Vertriederin vum Parquet gemengt huet, e Sursis wär nach dran. Den Ugeklote sot, hien a Kolleege vun him wären deemools an engem Auto gewiescht, wéi en anere Beschëllegten op eemol mat engem Buschmesser do gestanen hätt. Doropshi wären hien a seng Kolleegen aus dem Won erausgeklommen, deen anere Mann hätt mam Messer hantéiert, wär awer fortgelaf, well si zu enger jett waren. De Mann mam Buschmesser wär ee Moment gefall, wouropshin hien a seng Kolleege probéiert hätten, deem d'Messer ofzehuelen. Dobäi hätt hie mat engem elektresche Kabel op dee Mann geschloen, fir dass deen d'Buschmesser lassloosse géif.
D'Me Stoffel, Affekotin vum Ugekloten, huet dofir eng Prisongsstrof mat Sursis gefrot a keng Geldstrof méi. De Mann hätt zanterhier keng Problemer méi gemaach a seng Lektioun geléiert. Wouropshin d'Riichterin hie gefrot huet, ob hien eventuell d'Accord wär mat Aarbechten am Déngscht vun der Allgemengheet: Dem Mann seng Äntwert dorop war Jo. D'Vertriederin vum Parquet huet fonnt, Sursis misst ee sech verdéngen, an et wär vläicht net schlecht, wann de Mann Sozialstonne krit. Si géif de Riichter d'Strofmooss iwwerloossen, woubäi dat fir Travaux d'intérêt général erofgoe muss. D'Urteel gëtt den 1. Juli gesprach.
Wat d'Faiten ugeet, hat am Februar 2012 fir d'éischt virun engem Café no bei der Escher Gare ee Beschëllegte bal en aneren ëmbruecht, dono am Quartier Brill een Ugekloten der 3 bal mat sengem Gefier iwwert de Koup gerannt, ier 9 vun de Beschëllegte versicht hätten, e weideren dout ze maachen.