Coronavirus zu Lëtzebuerg11 nei confirméiert Fäll, Zuel vun Doudesaffer bleift onverännert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 103 bliwwen ass.
© RTL-Grafik

Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. Vun den 103 Doudesaffer si 65 Prozent am Spidol gestuerwen. 56 Prozent si Männer a 44 Prozent si Fraen.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.915. Vun den Infizéierte sinn der 3.162 Residenten.

© Santé

Vun den 3.915 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.665 geheelt, 147 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 58.727 Tester gemaach, 1.040 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.

Aktuell si 78 (-11) Patienten hospitaliséiert, 11 (-11) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 895 (+8) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

De Reproduktiounstaux läit bei 0,993.

Back to Top
CIM LOGO