CHL un ieweschte Limitten ukomm11 Covid-Patienten intubéiert a Personal rekrutéieren, ass schwiereg

Monica Camposeo
Fanny Kinsch
D'Zuele vun den Neiinfektioune ginn net signifikant erof. Trotz partiellem Lockdown kënnt fir d'Spideeler also keng wierklech Entlaaschtung.
Ugespaante Situatioun am CHL
D'Spidol wier eendeiteg un den ieweschte Limitten ukomm, esou d'Dokter Martine Goergen, medezinesch Direktesch vum CHL.

Wéi packen d'Spideeler dës Belaaschtung a virun allem, wéi laang kann de Gesondheetssystem dat nach packen? D'Monica Camposeo huet am Centre Hospitalier Luxembourg nogefrot, wou den Ament am Ganzen 22 Patienten intubéiert sinn.

D'Spidol wier eendeiteg un den ieweschte Limitten ukomm, esou d'Dokter Martine Goergen, medezinesch Direktesch vum CHL.

Den Ament 83 Patiente mam Virus hospitaliséiert. 11 dovunner sinn intubéiert. Dobäi misst een awer bedenken, dass nach aner Patiente mat anere Krankheeten intensiv Soine brauchen. Am CHL sinn dat nach emol 11 Persounen. Am Ganze ginn am Stater Spidol also 22 Patienten intubéiert. Normalerweis huet d'Spidol awer nëmmen 18 Better op der Intensivstatioun. Et goufen deemno zousätzlech Zëmmer an der Chirurgie-Unitéit ëmfunktionéiert, erkläert d'Dr. Martine Goergen:

"Wéi laang mer dat nach sou kënne packen, weess een net, mir wësse just, dass wa se bis an der Reanimatioun sinn, da brauche se 17 Deeg an der Moyenne, wou se intubéiert do leien. dat heescht mir sinn elo un der Limitt uewen ukomm, wann der nach vill dobäikommen, da gëtt et wierklech ganz enk an da muss ee kucken, wéi een dann méi deprogramméiert oder aner Leit, bei deenen ee muss op grouss Operatioune verzichten, well se net méi an d'Reanimatioun kënne goen".

Extrait Dr. Martine Goergen

Fir genee dat ze verhënneren, missten d'Zuelen vun de Neiinfektiounen awer dréngend erofgoen.

Den Ament géinge 5% vun den Aktivitéite rapportéiert ginn, verglach mat der nämmlechter Woch vum Joer virdrun.

"Et sinn der schonn dobäi gewiescht, déi schonn eng éischte Kéier rapportéiert gi sinn a wa mir déi elo nach eng zweete Kéier rapportéieren. Also dat kann da fir d'Leit och schwéier ginn, wann een déi Saachen ëmmer ze vill wäit ewech schiebt. Dowéinst probéiere mir esou vill wéi méiglech vun der Activité opératoire ze halen."

D'Covid-Patiente géingen ouni Zweiwel vill Capacitéiten am Spidol anhuelen. Am Ganze sinn 83 Persoune wéinst der Longekrankheet am CHL hospitaliséiert. Dat wier mat den héchste Stand, deen d'Spidol bis ewell gesinn huet.

Déi aktuell Situatioun hätt natierlech och en Impakt op d'Personal, dat zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris am Fréijoer quasi ouni Paus immens vill gefuerdert ass. Fir opzestocken, goufe Leit, déi an d'Preretraite gaange waren, zeréckgeruff a wien am Temps partiel war, gouf gefrot fir vollzäit ze schaffen. Laangfristeg wier et mam Rekrutement awer méi schwéier, esou d'Dr. Martine Goergen. Wann net ze vill am Ausland soll rekrutéiert ginn, wier et hei am Land nämlech net einfach, Leit ze fannen:

"D'Studenten an d'Stagiairen, déi hu mir souwisou scho mat agegraff an eisem Pool vun den Infirmieren, déi kréien och verschidden Tâchen. Mee soss bleift eis net vill, ausser am Ausland ze rekrutéieren. Vun all de Bewerbungen, déi an de Soin erakomm sinn, war keen ee Lëtzebuerger dobäi."

D'Personal ass a bleift deemno de Knackpunkt, wann et ëm d'Kapazitéit am Spidol geet.

Fir dass manner Leit ewechfalen, well si selwer mam Covid-19 geplot sinn oder wéinst engem enke Kontakt a Quarantän mussen, wier et gutt, dass d'Gesondheetspersonal fir d'éischt géint de Virus soll geimpft kënne ginn. Fir sech logistesch kënnen ze organiséieren, kéint een iwwert e Sondage zu der Bereetschaft, sech impfen ze loossen, nodenken. Allgemeng géing sech awer Akzeptanz weisen, esou d'medezinesch Direktesch vum CHL.

Back to Top
CIM LOGO