Educatioun10.000 Schoulbicher nach net ofgeholl

Lynn Cruchten
Ronn zwee Méint no der Schoulrentrée sëtzen d’Librairien ëmmer nach op enger Partie Schoulbicher, déi bis ewell net ofgeholl goufen.
10.000 Schoulbicher nach net ofgeholl
Ronn zwee Méint no der Schoulrentrée sëtzen d’Librairien ëmmer nach op enger Partie Schoulbicher, déi bis ewell net ofgeholl goufen.

D’Grënn dofir sinn ënnerschiddlech an de Problem ass net nei. Zënter der Applikatioun mybooks, iwwert déi Schüler, Elteren a Librairë méi geziilt Bicher kënne bestellen a suivéieren, géifen awer, wéi et heescht, allgemeng manner Bicher leie bleiwen.

Vun insgesamt 258.000 bestallte Schoulbicher, déi jo zanter 3 Joer fir Schüler gratis sinn, wieren der awer nëmmen 10.000 bis ewell net ofgeholl ginn.

Mat den englesche Bestellungen hätten et ëmmer scho Problemer a Retarde ginn, ma de Brexit hätt dat Ganzt sécherlech zousätzlech ausgebremst. Extrem stéiere géifen déi reservéiert Schoulbicher an de Librairien net, an awer wier ee frou, wa se geschwënn de Wee bei hir Besëtzer géife fannen.

Mat Hëllef vum Educatiounsministère sollen déi Bicher, déi bis ewell nach net ofgeholl goufen, deemnächst an d’Schoule geschéckt ginn, fir se esou deene concernéierte Schüler zoukommen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO