
Zu Monnerech ass géint 7 Auer eng Persoun an der Rue de Reckange vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vun Esch a vu Monnerech.
Géint hallwer néng koum et zu Maarnech op engem Parking an der Marbuergerstrooss zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert a si vun de Rettungsdéngschter vun Housen, Ëlwen a Clierf versuergt ginn.