
Um Belair ass de Moie kuerz no 7 Auer eng Fra an der Avenue du X Septembre vun engem Auto ugestouss ginn. D'Foussgängerin gouf verwonnt an ass mat liichte Blessure fir eng Kontroll an d'Spidol komm.
Kuerz viru 6 Auer krut en Automobilist um Findel op der naasser Strooss net méi mat Zäite gebremst an ass an e Bam geknuppt, deen op d'Strooss gefall war. De Chauffer ass och fir eng Kontroll an d'Klinik komm.
E Mëttwoch den Owend hat géint 18.30 e Chauffer an enger Kéier um CR322 zu Kautebaach d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, koum vun der Streck of an ass e puer Meter an de Bësch geflunn. Den Automobilist koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Wéi d'Police da géint 5 Auer duerch de Garer Quartier gefuer war, ass hinnen en Automobilist an der Rue d'Anvers opgefall, dee Probleemer hat säin Auto aus der Parkplaz ze kréien. Bei der Kontroll hunn d'Polizisten en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. De Permis gouf agezunn an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.
In der Rue de Rollingergrund an der Stad war der Police géint 4.30 Auer en Auto gemellt ginn, an deem de Chauffer geschlof huet. Den Automobilist huet alkoholiséiert geschéngt an den Test war positiv. Och hien krut e provisorescht Fuerverbuet an eng Plainte.