Um Freideg1 Persoun ugestouss, 1 Autosaccident op Schantjen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, ass an der Mëttesstonn e Foussgänger vun engem Auto ugestouss ginn. E weideren Automobilist ass op engem Chantier accidentéiert.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS Archivbild

E Freideg géint 12.20 Auer ass an der Groussgaass zu Bruechtebaach eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Op der Plaz war de Samu vun Ettelbréck an d'Rettungsdéngschter vun Ëlwen a Wolz.

Zu Nidderkäerjeng an der Avenue de Luxembourg koum et géint 13 Auer zu engem Autosaccident op engem Chantier. Déi blesséiert Persoun gouf vum Rettungsdéngscht vu Péiteng an dem CIS vu Käerjeng versuergt.

Back to Top
CIM LOGO