CGDIS1 Persoun an der Stad ugestouss, 2 Blesséierter zu Aassel

RTL Lëtzebuerg
Géint 5.40 Auer en Donneschdeg de Moie gouf an der Rue de Merl an der Stad eng Persoun ugestouss a blesséiert.
© CGDIS

D'Ambulanz vu Mamer, grad ewéi d'Stater Pompjeeë waren op der Plaz.

Kuerz virun 9 Auer gouf et en Accident an der Rue de Luxembourg zu Aassel. 2 Autoe waren hei net laanschtenee komm. D'Ambulanze vu Réimech an aus der Stad waren am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Mutfert a Réimech.

Back to Top
CIM LOGO