Coronavirus zu Lëtzebuerg1 neie confirméierte Fall, 2 Persounen op Intensivstatioun

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, weiderhin onverännert bei 110 bleift.
© RTL-Grafik

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 1 positiv geteste Patient. Dat sinn der elo am Ganze 4.121.

Vun den Infizéierte sinn der 3.326 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 45 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 149.368 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufe 1.354 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 52 aktiv Infektioune ginn an 3.959 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 18 Patienten (+3) hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 2 (+1) Patient sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 950 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,020. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO