
De Vertrag gëllt dräi Joer a gesäit ënnert anerem Folgendes vir: eng Prime de fin d’année, déi un d’Presenz gebonnen ass, bis zu véier Deeg Congé méi a méi Pai a Funktioun vun der Anciennetéit. Och Limitte vun den Iwwerstonnen si festgehale ginn.
Den OGBL begréisst an engem Communiqué e "gudden Accord". Zara beschäftegt hei am Land eng 150 Leit.