
Fir d'Patronne vun engem Café, déi dee fir den Handel mat Droge soll zur Verfügung gestallt hunn, gouf eng fest Prisongsstrof vun engem Joer gesprach an eng Geldstrof vun 10.000 €. Donieft muss de Café definitiv zougemaach ginn, an d'Fra däerf 10 Joer laang kee Café méi bedreiwen.
Am Oktober 2018 war et no bei der Escher Gare zu enger spektakulärer Drogerazzia komm. Do virdrun hat d'Police déi direkt Noperschaft vum Café e puer Woche laang observéiert.