Groussbrand a Recycling-Firma zu Hamm1 Joer dono verknaschten d’Iwwerreschter weider: Ëmweltverwaltung reagéiert

RTL Lëtzebuerg
Op der Plaz gesäit et 11 Méint drop nach ëmmer sou aus, wéi kuerz nom Brand. De massive Knascht schéngt nëmme wéineg z'interesséieren...

De 14. September 2018 gouf et e Groussbrand zu Hamm. Eng Hal vun engem Recycling-Betrib stoung komplett a Flamen an huet d'Pompjeeë quasi e ganzen Dag laang an Otem gehalen.

Haut, méi wéi 10 Méint dono, bezeien op der Plaz nach ëmmer d'Iwwerreschter vun der Hal an eng riseg Quantitéit un Dreck, vum 14. September zejoert.

Brand zu Hamm: Bal ee Joer dono
Op der Plaz gesäit et 11 Méint drop nach ëmmer sou aus, wéi kuerz nom Brand. De massive Knascht schéngt nëmme wéineg z'interesséieren...

Groussbrand e Recycling-Firma (1) / Rep. Joël Detaille

Wat war geschitt?

FOTOGALERIE: Andréck vum Feier zu HammEt war géint 9.45 Auer, wéi e Feier an der Lagerhal an der Rue Haute an der Aktivitéitszon zu Hamm ugaangen ass. Um 10.48 Auer huet e Mataarbechter den 112 ugeruff, well d’Feier schonn ausser Kontroll war.

Eng riseg schwaarz Dampwollek war iwwer wäiten Deeler vun der Stad ze gesinn. Wéi déi éischt Pompjeeën op der Plaz ukoumen, stoung schonn déi ganz Hal a Brand.

Bis owes 19.30 Auer hunn d'Läsch-Aarbechte gedauert, un deenen Dosende Pompjeeë bedeelegt waren.

FOTOGALERIE: 1 Dag nom Brand zu Hamm

War d'Hal uerdentlech equipéiert?

Aus dem Asaz-Rapport vum CGDIS, deen eis virläit, stiechen zwou Saachen ervir. D'Läschwaasserversuergung huet e Problem duergestallt. An d'Hal war weder mat enger stationärer Brandmelde-Anlag, nach mat enger fixer Läsch-Anlag equipéiert.

D'Firma, an där et gebrannt huet, ass e sougenannte Full-Service-Entsuergungsbetrib, also eng ISO-zertifiéiert spezialiséiert Recyclingsanlag fir Materialie vu ganz diversen Zorten, an der Haaptsaach Bau-Offäll.

Styropor, Pabeier, Sauerstoff-Fläschen, Bitumen-Gemëscher, déi zu ganz staarkem Feier féieren, wann et brennt, divers Fässer mat Ueleg oder chemeschem Contenu a Gasfläschen: Wann ee weess, wéi eng Materialien an der Hal gelagert waren, kann ee sech froen, firwat keng Brandmelde-Anlag fix installéiert war. Derbäi koume Maschinnen, wéi Camionnetten a Baggeren.

Déi perfekt Mëschung kéint ee soen, fir en anstännegen Industrie-Brand, an enger Zon, an där Honnerte Leit ronderëm an anere Betriber oder Administratiounen um Plateau zu Hamm schaffen.

Wou ass dann d'Enquête, elo bal 11 Méint nom Brand, drun?

Groussbrand e Recycling-Firma (2) / Rep. Joël Detaille

Brandstëftung kéint ausgeschloss ginn. Dat behaapt op d'mannst emol d'Entreprise. D’Feier wier an engem Container ugaangen, an deem gutt 3 Tonnen Dämm-Material dra louchen. De Bedreiwer schwätzt vu Selbstentzündung.

Vum Parquet krute mer d'Confirmatioun, dass d'Instruktioun an dësem Dossier awer nach leeft.

D'Aarbechtsopsiicht ITM kommentéiert keng spezifesch Fäll. Generell wier et awer méiglech, datt eng fix Brandmelde-Anlag net zwéngend noutwendeg war an de spezifesche Konditiounen, un déi sech de Betrib um Niveau vun der Kommodo-Prozedur huet mussen halen.

Wat d'Lagere vu liicht brennbare Substanzen an enger Hal ubelaangt, esou wiere fir de Bedreiwer déi eenzel Sécherheetsdate-Blieder vum Fournisseur ze respektéieren. Do wier präziséiert, wéi Produite solle gelagert ginn a wéi eng Produiten ze trenne wieren, confirméiert d'ITM.

Zum zäitlechen Oflaf : Remondis huet d’Cessation d’activités Enn 2018 declaréiert. D’ITM huet awer nach zousätzlech Informatiounen ugefrot.

Am Oflaf vun dëser Cessation d’activités wäerten nach Schuedstoffanalyse gefrot ginn an och méiglech Ëmweltbeanträchtegunge wäerten nach gekuckt ginn.

Et huet och e Sécherheetskonzept missen erstallt ginn wéinst Asturzgefor. Des weidere sinn d’Instruktioune vum Parquet an dësem Dossier nach net ofgeschoss.

Wat geschitt mam Knascht?

Verkuelten Iwwerreschter vun der Hal a Gefierer, geschmolte Plastik, kéipweis Dreck: de ganze Site ass weder gebotzt ginn, nach gesäit et aus, wéi wann op méiglech Ëmweltbelaaschtunge géif opgepasst ginn. Et kann ongestéiert weider drop reenen, an d’Waasser versickert an de Buedem.

Vun der Stad Lëtzebuerg krute mer gesot, d'Gemeng wier net zoustänneg fir ze botzen, well et Privat-Terrain wier.

D'Bedreiwerfirma selwer, déi d'Hal vun engem däitsche Proprietär gelount hat, wëll sech bis op Weideres net äusseren. Souwisou wëll d'Entreprise sech elo zu Féiz an der Industriezon néierloossen. Eng entspriechend Demande wier och bei der Monnerecher Gemeng erakomm, krute mer confirméiert. D‘Prozedur wier hei awer nach am Gaang.

D'Feier zu Hamm war iwwregens net dat Éischt fir déi däitsch Firma. Op e puer Sitten am Saarland oder am Norden vun Däitschland gouf et an de leschten 18 Méint e puer mol gréisser Bränn.

Ob, oder villméi, wéini de Knascht zu Hamm, deen iwwregens virun allem an de waarme Summerméint nach ëmmer bestialesch sténkt, dann elo ewechgemaach gëtt, dat war bis ewell leider néierens gewuer ze ginn ...

Back to Top
CIM LOGO