
Wéi d'Police mellt, ass eng Automobilistin an der route de Dillingen vun der Strooss ofkomm an an e Fiels gerannt. Si gouf am Auto ageklemmt an huet vun de Pompjeeë mussen erausgeschnidde ginn.
Op der Plaz waren nieft de Pompjeeë vu Bäerdref-Bollenduerf an Iechternach och den Ettelbrécker Samu, dee sech ëm déi schwéiert blesséiert Fra gekëmmert hunn, ier se mat der Ambulanz vun Iechternach an d’Klinik koum.
Den Auto gouf komplett zerstéiert. D'Strooss war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart.
E Mëttwoch de Moie géint 7.15 Auer gouf am Eecher Bierg e Jugendleche vun engem Auto ugestouss. En Automobilist war stoe bliwwen, fir de Jugendleche beim Zebrasträifen iwwert d'Strooss ze loossen. Eng Automobilistin op der Spuer niewendrun huet dat awer net matkritt a krut de Jugendlechen ze paken. E gouf duerch den Opprall bis an d'viischt Fënster geschleidert. Éischten Informatiounen no, soll de Foussgänger awer just liicht blesséiert gi sinn. D'Automobilistin stoung ënner Schock an huet och mussen an d'Spidol bruecht ginn.
Schonn en Dënschdeg den Owend géint 20.20 Auer gouf beim Glacis an der Stad eng Persoun vun engem Auto ugestouss, an och blesséiert.