CGDIS1 Blesséierte op Escher Autobunn, 1 Persoun zu Rëmeleng ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Am Lokalen gouf et en Accident kuerz virun Hallefnuecht, op der Escher Autobunn op Héicht vu Leideleng. Zwee Autoe kruten sech do ze paken.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Leideleng an aus der Stad waren op der Plaz, grad wéi d'Ambulanz aus der Stad.

Da mellt de CGDIS nach en Accident an der Grand-Rue zu Rëmeleng, wou kuerz virun 8 Auer eng Persoun ugestouss a liicht blesséiert gouf. Op der Plaz war d'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Rëmeleng

Déi selwecht Zäit sinn an der Rue Charles Darwin an der Stad e Camion an en Auto net laanschtenee komm, och hei gouf eng Persoun liicht verwonnt. D'Rettungsdéngschter aus der Stad waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO