Stater Gare1 Blesséierte bei Messerpickerei e Freideg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 18 Auer gouf et eng Messerpickerei op der Passerell iwwert der Stater Gare. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

D'Rettungsekippen hunn de Mann an d'Spidol bruecht. D'Police war op der Plaz, bis ewell konnt den Täter nach net ermëttelt ginn.

© Pierre Weimerskirch

D'Ermëttlunge vun der Police lafen. Et kann een dovunner ausgoen, dass et sech ëm e gewalttätegen Iwwerfall handelt. Dem Affer feelen éischten Erkenntnisser no e Rucksak, e Portmonnie a säin Handy.

D'Affer selwer ass stabil a schwieft net a Liewensgefor.

1 Blesséierte bei Messerpickerei op der Gare
Onkommentéiert Bildmaterial.

Back to Top
CIM LOGO