
De Chauffer gouf bei der Kollisioun verwonnt. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Dikrech an d'Pompjeeë vu Miedernach an Iermsdref.
Géint 12.50 Auer ass e Motocyclist am Neiduerf an der Rue du Grünewald mat sengem Gefier gestierzt a gouf dobäi blesséiert. D'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.
E weideren Accident gouf et e Freideg de Mëtteg géint 13.30 Auer zu Keel an der Rue de Noertzange. Hei koumen a Camion an en Auto net laanschteneen. De Bilan ass hei 1 Blesséierten. Am Asaz war d'Ambulanz vun Diddeleng.
Zu Beetebuerg an der Route de Peppange gouf ëm 15.30 eng Persoun vun engem Auto ugestouss. Am Ganze goufen 2 Mënsche verwonnt. Sur place waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Beetebuerg.