CGDIS1 Blesséierte bei Accident tëscht Biissen a Colmer-Bierg

RTL Lëtzebuerg
Ee Blesséierte gouf et an engem Accident e Méindeg den Owend géint 21.15 Auer tëscht Biissen a Colmer-Bierg. Een Auto war an d'Ongléck verwéckelt.
© Klautjen

D'Pompjeeë vu Biissen, d'Ambulanz vun Ettelbréck an de Samu waren op der Plaz. D'Streck war wärend den Opraumaarbechte fir kuerz Zäit gespaart. Soss Detailer ginn et keng.

Da gouf et op en neits ee sougenannte Vegetatiounsbrand, déi Kéier tëscht Harel a Béiwen. Kuerz no 23 Auer war d'Feier ausgebrach. D'Pompjeeë vu Bauschelt a vum Stauséi waren am Asaz.

Kuerz no 1.30 Auer um Dënschdeg de Moie war zu Rolleng an der Lëtzebuerger Strooss ee Bam a Brand geroden. D'Pompjeeë vu Miersch waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO