Carte blanche vum René WinkinEen eenzege Maart? Nach net ganz… Komm mir maachen d’Aarbecht fäerdeg

René Winkin
1993 goung et lass mam EU-Bannemaart. A senger Carte blanche vun haut kuckt de René Winkin, wou mir haut stinn aus Siicht vun enger klenger, staark op de Aussenhandel ausgeriichter Ökonomie am Häerz vun Europa.
© RTL Grafik

Carte blanche vum René Winkin

Virun e puer Woche bei enger Diskussioun iwwer d'Konkurrenzfäegkeet vun Europa mat Kolleegen aus aneren europäesche Federatiounen, ass een Theema ëmmer nees opgedaucht: 33 Joer no der Grënnung vum Bannemaart huet Europa nach ëmmer kee vollstänneg fonktionnéiernde Bannemaart. De selwechte Constat op sëllege Foren an Tables-ronden, déi zum Thema organiséiert ginn.

Fir Lëtzebuerg ass Thema enorm wichteg. Bal d'Hallschent vun de Leit, déi an eisem Land schaffen, passéiert all Dag zweemol eng Grenz. Dausende vu Lëtzebuerger Betriber sinn op Clienten, Fournisseuren a Salariéen aus der ganzer EU ugewisen. Ons Wirtschaft ass déif mat dem europäesche Maart verwuerzelt.
Ma konkret begéine vill Betriber nach ëmmer Hürden, déi et eigentlech längst net méi sollte ginn – net physesch Grenzen, mä administrativer oder regulatorescher: verschidde Prozeduren, verschidden Dokumenter, verschidde Bericht-Flichten, verschidden Ausleeunge vun dee selwechte Reegelen. Wat een eenzege Maart soll sinn, fillt sech dacks u wéi 27. Dës Hindernisser kaschten Zäit, Suen an Energie, déi vill besser fir Innovatioun, Investissementer a Wuesstem agesat kéinte ginn.

D'Botschaft aus der Betribswelt, vun Ökonomen a Politiker – an och rezent aus de Rapporte  vun Letta a Draghi – ass däitlech: eng vun den gréisste Wuesstemschancë vun Europa ass et, de Maart, dee mir schonn hunn, besser ze notzen. Déi nach ëmmer existéierend intern Hürden hunn eng wirtschaftlech Auswierkung, déi an hirer bremsender Auswierkung mat bedeitenden Zoll-Tariffer tëschent de Memberstaate vergläichbar ass.

Et gëtt och gutt Noriichten. Mir wëssen, wou d'Probleemer leien – d'Erausfuerderung ass net méi, si z'identifizéieren, mä si ze léisen. A mir gesinn endlech eng erneiert Fokusséierung op de Bannemaart, souwuel zu Bréissel wéi an den nationalen Haaptstied.

Leschte Mount hu Memberstaaten, d'Europaparlament an d'Kommissioun eng gemeinsam Roadmapvirgestallt – One Europe, One Market – déi bis 2027 konkret Handlunge liwwere soll.

Mä et gëllt hei eng bekannte Fal ze vermeiden: an zwar déi ambitiéis Pläng unzekënnegen, ouni déi passend Verännerung op der Plaz ze liwweren. Den Erfolleg gëtt net un der Unzuel vun de verëffentlechte Strategie gemooss, mä un der Unzuel vun de Barrièren, déi wierklech verschwannen. Den Bannemaart kann net just eng weider technesch Diskussioun ginn, déi un Experten an Administratiounen delegéiert gëtt. Hie muss onbedéngt eng politesch Prioritéit an Europa bleiwen.
D'Erausfuerderung ass net, en neit Europa z'erfannen. D'Erausfuerderung ass, d'Europa, dat mir schonn hunn, esou funktionéieren ze loossen, wéi et geduecht war. Virun iwwer 30 Joer hat Europa d'Visioun, den Bannemaart ze schafen, komm mir maachen d'Aarbecht fäerdeg

Back to Top
CIM LOGO