Um leschten Dag vum RamadanIsraeelesch Autoritéite blockéieren Accès zu Al-Aqsa-Moschee, Tréinegas agesat

RTL Lëtzebuerg
Fir déi éischte Kéier zanter 1967 hunn déi israeelesch Autoritéiten um leschten Dag vum Ramadan d'Al-Aqsa Moschee zu Jerusalem zougemaach.

D’Fest Eid-al-Fitr, och “Zockerfest” genannt, ass eent vun de wichtegsten am Islam a markéiert d’Enn vum Faaschtemount Ramadan. Datt d’Jerusalemer al-Aqsa-Moschee ausgerechent um Freideg zougemaach gëtt, begrënnen déi israeelesch Autoritéite mat Sécherheetsbedenken. Vu palästinensescher Säit heescht et awer, d’Mesurë wieren e Virwand, fir Restriktioune géint d’Palästinenser auszewäiten.

An de Stroosse vun der Alstad vu Jerusalem hu sech moies honnerte gleeweg Mosleme versammelt, fir esou no wéi méiglech um hellege Site ze bieden. D’Police ass zum Deel mat Gewalt géint dës virgaangen an huet och Tréinegas agesat. D’al-Aqsa-Moschee ass am Islam déi drëttwichtegst Moschee, direkt no der al-Haram-Moschee zu Mekka an der Prophetemoschee zu Medina.

Déi israeelesch Ambassade zu Bréissel huet e Freideg op d’Publikatioun vun dësem Artikel reagéiert an eis kontaktéiert, mat der Demande, den Artikel ëm weider Informatiounen z’ergänzen. Hei den iwwersate Message un eis Redaktioun:

“No der Publikatioun vun Ärem Artikel géife mir gär déi follgend Fakte betounen, déi feelen an domadder de Lëtzebuerger Public ierféieren:

1. Israel huet all reliéise Site zu Jerusalem zougemaach, déi jiddesch Westmauer inclus.

2. ⁠Méi wéi 100 Rakéite goufen zanter Ufank vum Krich op Jerusalem geschoss. En Alarm haut um 10 Auer israeelescher Zäit inclus.

3. D’Annulatioun vu Feierdeeg gouf och vun der jiddescher Populatioun verlaangt. Alleguer d’Feierlechkeeten am Kader vum Purim-Fest goufen net just zu Jersualem ofgesot, mee a ganz Israel.

4. Lescht Woch huet Rakéiten-Debris souwuel den Haff vun der Dom-Moschee um Tempelbierg getraff, wéi och d’Kierch vum hellege Graf.

Mir bieden Iech, dës Fakten esou séier wéi méiglech op Ärem Site als eise Commentaire ze verëffentlechen. Mir si sécher, datt Dir net bewosst wëllt Hallef-Wourechten esou duerstellen, datt se reliéis Roserei an der muslimescher Communautéit kéinten ausléisen a reliéis Spannungen erhéijen.”

Back to Top
CIM LOGO