
Nodeems si laang keng Nouvelle vun hirem Jong Arthur hat, deen zënter dem Brand an enger Bar zu Crans-Montana an der Silvesternuecht als vermësst gegollt huet, huet d’Laëtitia e Sonndeg den Doud vum Jugendlechen an engem Message op de soziale Medie bekannt ginn.“Eisen Arthur ass fortgaangen, fir am Paradäis ze feieren.“
Beim Brand sinn an der Silvesternuecht 40 Mënsche gestuerwen an 119 blesséiert ginn.
Iwwer e puer Deeg hat d’Mamm mat Opriff op de soziale Medien an an der Press probéiert, hire Jong erëmzefannen. An engem Video huet si alle Leit Merci gesot, déi si ënnerstëtzt hunn: “Ech soe Iech vu ganzem Häerz Merci.”
Dëst trauregt Enn kënnt no Deeg vu grousser Angscht. Nach e Samschdeg hat d’Laëtitia an de franséische Medien hir Roserei iwwert de Manktem u kloren Informatiounen ausgedréckt: “Mir si midd, genervt, mir spieren, datt net all Informatioune stëmmen an d’Roserei klëmmt.”

Op juristeschem Niveau hunn d’Schwäizer Autoritéiten e Samschdeg eng penal Enquête géint déi zwee franséisch Gerante vun der Bar ageleet. D’Ermëttlunge mussen elo klären, ob d’Koppel responsabel fir d’Tragedie ass.
D’Mamm wëll sech elo och op den Deuil vun hirem Fils konzentréieren, elo wou et eng traureg Gewëssheet ass.