Vermësstemeldung aus FrankräichFra vu Fameck fir d'lescht zu Diddeleng gesinn

RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
Déi franséisch Gendarmerie aus dem Departement Moselle sicht no enger Fra, déi zu Fameck als vermësst gemellt gouf. Hir lescht Spuer féiert op Lëtzebuerg.
Foto vun der Gendarmerie de la Moselle matgeschéckt
Foto vun der Gendarmerie de la Moselle matgeschéckt.
© RTL

Zanter dem 14. Abrëll ass d’Farida Douil bei der Gendarmerie de la Moselle als vermësst gemellt. Fir d’lescht gouf si deemno géint 18.30 Auer zu Diddeleng an der Rue de la Libération, wou si mam Auto hibruecht gouf, gesinn. Zanterhier gëtt et keng Spuer vun der Fra.

Wéi d’Gendarmerie eise Kolleege vun RTL Infos confirméiert huet, ass d’Fra 56 Joer al. D’Soignanten, déi sech ëm d’Farida Douil këmmeren, hunn d’Fra deemno als vermësst gemellt.

Wéi si déi lescht Kéier gesi gouf, hat si e bloen Jogging an e rosa Pullover un.

Wien d’Farida Douil gesinn huet oder Hiweiser zu hirem Openthalt huet, ass gebieden, sech bei der Brigad iwwer Telefon op der Nummer +33 3 82 59 63 40 ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO