Hürtgenwald bei Oochen (D)Fluchproff a Schüler bei Accident mat klengem Fliger gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass et ëstlech vun Oochen zu engem déidleche Fligeraccident komm. Firwat de Proff mat sengem Schüler erofgefall ass, ass aktuell nach net kloer.
© Photo by BENJAMIN WESTHOFF / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

En Dënschdeg de Mëtteg ass am däitschen Hürtgenwald an der Géigend vun Oochen e klenge motoriséierte Fliger bei engem Trainingsflug erofgefall. Zwee Männer, dovun ee 56 Joer ale Proff mat sengem 22 Joer ale Schüler, hunn den Accident net iwwerlieft. D’Ursaach fir den déidleche Virfall ass aktuell nach net gewosst. D’Ermëttler sinn och e Mëttwoch nach fir d’Ermëttlungen op der Onglécksplaz. Déi däitsch Autoritéite ginn dovun aus, datt a sechs bis aacht Wochen éischt Resultater virleien.

Back to Top
CIM LOGO