Asien an Europa sinn déi zwee Kontinenter, déi am meeschte vum Pëtrol aus dem Noen Osten ofhängeg sinn. Europa importéiert u sech bal d’Hallschent vu sengem Kerosin aus de Golfstaaten.
An Europa wiisst de Risiko, datt et an den nächste Wochen zu enger gravéierender Knappheet vu Kerosin ka kommen. Ekonomisten, dorënner de Claudio Galimberti vum Berodungsbüro Rystad Energy, warne virun engem drastesche Réckgang bei de Fluchverbindunge scho vum Mee oder Juni un. Hien huet dem amerikanesche Sender CNBC géintiwwer gesot, datt d’Situatioun an de kommende Woche zu systematesche Problemer kéint féieren.
D’EU-Kommissioun huet sech zwar beméit, d’Situatioun ze relativéieren a stellt fest, datt et aktuell nach keng Unzeeche vun engem Manktem u Kerosin an der EU géif ginn. D’Spriecherin Anna-Kaisa Itkonen huet awer och erkläert, dass et an noer Zukunft Problemer an der Versuergung kéint ginn, besonnesch ebe bei de Pëtrolsproduiten, déi d’Fluchgesellschafte brauchen.
Onkloer bleift, ob a wéini Enkpäss entstoe kënnen. Schonn den 9. Abrëll huet de Conseil International des Aéroports (ACI) der EU-Kommissioun matgedeelt, dass d’Penurie schonn an dräi Wochen – also Ufank Mee – ufänke kéint, falls d’Tanker net nees duerch d’Strooss vun Hormus kommen. Och de President vun der Internationaler Energieagentur (IEA) Fatih Birol rechent mat Enkpäss “eventuell schonn Ufank Mee”.
An hirem Abrëll-Rapport huet d’IEA awer d’Prognos e bëssen ugepasst: Sollt de Verloscht u Kerosin aus dem Noen Osten net duerch aner Sourcë kompenséiert ginn, kéinten d’Reserven an Europa am Juni ënner déi kritesch Grenz vun 23 Deeg falen.
D’Situatioun variéiert vu Land zu Land: Japan huet grouss Reserven, och Éisträich, Bulgarien a Polen stinn aktuell gutt do. Anescht gesäit et an Island, Holland oder dem Vereenegte Kinnekräich aus. A Frankräich ass d’Situatioun wuel net dramatesch, awer och net entspaant. An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet d’Lëtzebuerger Mobilitéitsministesch Yuriko Backes matgedeelt, datt d’Reserven aktuell fir ronn zwee Deeg duerginn. Normalerweis huet de Grand-Duché Reserve fir dräi Deeg.
Besonnesch kleng Fluchhäfen, déi am Banneland leien, kéinten ënner Drock geroden, well grouss Fluchhäfen éischter nees kënne mat Kerosin beliwwert ginn. De Rico Luman, Transportökonom bei der ING-Bank, erkläert, dass et net zu engem komplette Stëllstand wäert kommen, mä deelweis zu Annulatioune bei bestëmmte Gesellschaften oder op eenzel Linnen. D’Fluchgesellschafte mussen also schonn elo mat Onsécherheete rechnen, wa si hire Fluchplang opstellen.
D’Organisatioun Airlines for Europe (A4E) mat Sëtz zu Bréissel, zu där och grouss Gesellschaften ewéi Air France-KLM, Lufthansa a Ryanair gehéieren, fuerdert vun der EU en Echtzäit-System, deen iwwert de Stock vu Kerosin op Fluchhäfen informéiert. Dës Donnéeë solle vun den Zouliwwerer kommen, déi awer net begeeschtert sinn, esou sensibel Informatiounen un hir grouss Clienten, also d’Fluchgesellschaften, weiderzeginn.
Och TotalEnergies huet gewarnt: Sollt den Noen Osten och nach am Juni blockéiert bleiwen, kéinte si net méi jidderee mat Kerosin versuergen. De Chef vun TotalEnergies Patrick Pouyanné huet zu Washington erkläert, dass bei enger weiderer Blockad vu méi wéi dräi Méint seriö Problemer an der Versuergung, besonnesch beim Kerosin, fir d’Branche entstoe kéinten.
Als Iddi huet Airlines for Europe och virgeschloen, temporär an der EU de Gebrauch vum Jet A-Kerosin, wéi en an den USA benotzt gëtt, z’erlaben. Deen ass e bëssen anescht wéi de Jet A-1, dee soss weltwäit am Asaz ass. Wéinst juristeschen, politeschen a logistesche Barrièren ass eng séier Ëmsetzung awer onwarscheinlech.