Och mat Hëllef aus Lëtzebuerg75.000 kriminell Online-User bei globaler Operatioun verwarnt, 4 Festnamen

RTL mat AFP
Kriminell Online-User, déi bei sougenannten DDoS-Attacke géint Entreprisë gehollef hunn, waren an der leschter Woch am Viséier vun 21 Länner, dorënner och Lëtzebuerg.

Internationalen Ermëttler ass e relativ grousse Coup géint Cyberkriminalitéit gelongen. Weltwäit sinn Enquêteuren, ënnerstëtzt vun der Europol, géint IT-Infrastrukturen a Verdächteger virgaangen, déi fir sougenannt DDoS-Attacken, ënner anerem op Entreprisen, responsabel waren. Dobäi goufe méi wéi 75.000 kriminell Notzer per E-Mail verwarnt, déi bei den Attacke matgewierkt hunn. Véier Persoune goufen dobäi festgeholl an 53 Domainen zougemaach.

Bei DDos-Attacke ginn Internetsitte geziilt iwwerméisseg opgeruff, domat d’Server vun engem Site iwwerlaascht ginn an am schlëmmste Fall ofstierzen. Doduerch kënnt et virun allem fir Entreprisen zu Ausfäll vu kriteschen Infrastrukturen an och zu wirtschaftleche Schied.

International gouf et bei där vun Europol koordinéierter Aktioun 25 Perquisitiounen. D’Déngschter, mat deenen DDos-Attacken ausgefouert goufen, konnten dobäi onschiedlech gemaach an d’Servere saiséiert ginn. Donieft konnten duerch d’Hëllef vun am Ganzen 21 Länner, dorënner och Lëtzebuerg, méi wéi 150 Moossname géint IT-Infrastrukture vollzunn an eng Rei weider kriminell Plattformen ofgeschalt ginn.

Zu de Motiver vu Cyberkriminellen, déi hannert DDos-Attacke stiechen, zielen ënner anerem d’Sabotage vun der Wirtschaft, eege finanziell Profitter oder och politesch-ideologesch Motiver.

Back to Top
CIM LOGO