
Déi massiv Bëschbränn am Südweste vu Frankräich hunn Dausende Leit dozou gezwongen, hir Wunnengen ze verloossen. Besonnesch kritesch ass d'Situatioun ronderëm Bordeaux, wou d'Flame sech dem franséischen Inneminister Laurent Nuñez no "onkontrolléiert" ausbreeden.
D'Feier ass e Sonndeg bis op ronn 15 Kilometer un d'Grenze vum Groussraum Bordeaux erukomm. Am Departement Gironde huet den Nuñez d'Situatioun als "ganz ongënschteg" beschriwwen. Wärend der Nuecht op e Sonndeg wier de Brand nees "extrem intensiv an onberechenbar" ginn.
De Minister hat scho virdru betount, datt Frankräich nach ni Bëschbränn vun dësem Ausmooss erlieft hätt. Gläichzäiteg huet hien versprach, "alles ze maachen", fir Bordeaux ze schützen. De Buergermeeschter Thomas Cazenave huet eng Evakuéierung vun der Stad fir de Moment ausgeschloss, awer ënnerstrach, datt d'Autoritéiten héich alarméiert wieren a sech op all Zenario virbereet hätten. Virdru waren 8.000 Awunner um Bord vum Groussraum Bordeaux opgefuerdert ginn, sech a Sécherheet ze bréngen.
Der zoustänneger Präfektur no breede sech d'Bränn an der Gironde wéinst der dréchener Vegetatioun a staarke Wandstéiss séier aus. Bis e Sonndeg de Mëtteg waren 220.000 Persoune vun Evakuéierunge betraff. Dat ass eng vun de gréissten Evakuatiounsaktiounen a Frankräich am Zesummenhang mat Bëschbränn.

Zousätzlech haten d'Autoritéiten nach 55.000 Persounen opgefuerdert, hir Wunnengen ze verloossen. Bis elo sinn no offiziellen Donnéeën 42.000 Hektar Land an der Gironde verbrannt. Domat zielen dës Bränn zu de gréissten a Frankräich zanter dem Zweete Weltkrich. Zum Verglach: Beim grousse Bëschbrand an der Gascogne am Joer 1949 goufen ongeféier 50.000 Hektar zerstéiert.
D'Autobunn A63 tëscht Bordeaux an der spuenescher Grenz gouf op enger Längt vu 60 Kilometer gespaart. Och den Zuchverkéier südlech vu Bordeaux ass der SNCF no gestoppt ginn. Donieft ass och déi lescht Etapp vum Tour de France gekierzt ginn.
Am Nopeschdepartement Landes konnt e weidere Brand e Sonndeg zwar besser ënner Kontroll bruecht ginn, geläscht ass en awer nach net. Do si laut dem Inneminister no 3.600 Hektar Land zerstéiert ginn.
Och an anere Regioune vu Frankräich ginn et Feier, dorënner op Korsika an am südëstlechen Departement Var. Do kéint de staarke Mistral-Wand d'Situatioun weider verschäerfen. Als Virsiichtsmoossnam goufen 3.000 Mënschen opgefuerdert, sech a Sécherheet ze bréngen.
D'franséisch Regierung huet um Weekend nach eemol 500 Zaldote fir d'Läschtaarbechte mobiliséiert. Domat sinn elo 1.500 Zaldoten am Asaz. Nieft ronn 2.500 Pompjeeën an der Gironde ginn och vill Fligeren an Helikopteren agesat, ënner anerem e Militärfliger vum Typ A400M.
De President Emmanuel Macron huet de betraffene Regiounen Ënnerstëtzung an den Neesopbau zougeséchert.
Wëssenschaftler weisen drop hin, datt déi duerch de mënschgemaachte Klimawandel ëmmer méi heefeg an intensiv Hëtztwellen de Risiko vu Bëschbränn däitlech erhéijen. Dréchent an aussergewéinlech héich Temperaturen hunn d'Vegetatioun a groussen Deeler vu Südeuropa staark ausgedréchent.