E Mëttwoch gëtt däitlech, wéi hefteg den Hurrikan war. Eng 4.000 Stéit waren deels ouni Stroum.
Bis zu 3 Meter héich Wellen hunn op ville Plaze grousse Schued hannerlooss, wéi zum Beispill zu Dana Point, wou eng 14 Luxus-Haiser laanscht d'Mier beschiedegt oder zerstéiert goufen. An och d'Villa vum Hollywood-Star Nicolas Cage zu Malibu ass net verschount ginn. Wat ausgesäit wéi eng Kulliss an engem Action-Film ass leider Realitéit. Deeler vum Schauspiller sengem Terrain sinn ofgerëtscht an hunn ee risegt Lach a senger Afaart hannerlooss. Eng Waasser- an eng Gasleitung gouf beschiedegt. Am Laf vum Dag hunn déi lokal Autoritéiten ordonéiert, dass d'Haus misst evakuéiert ginn.
Den Nicolas Cage ass awer net eleng betraff. Eng 30 Haiser, déi an der Ëmgéigend vum Hurrikan betraff sinn, goufe mat roude Warnschëlder ekipéiert a sinn aktuell net bewunnbar. En Dënschdeg den Owend gouf zu Malibu dann och de lokalen Noutstand ausgeruff.
Op anere Plaze gouf sech net un d'Warnunge vum Nationale Wiederdéngscht gehalen. Zu Newport Beach konnt sech ee Surfer nach esou just virun enger Monsterwell retten, nodeems hie scho vun enger meterhéijer Well un d'Fielse gedréckt gouf. Ronn 170 Persounen hu missen aus dem Waasser gerett ginn.
De Stuerm soll allerdéngs vun e Mëttwoch un nees ofschwächen. De Wiederphenomeen El Niño, deen dëst Joer besonnesch hefteg soll ausfalen, begënschtegt esou extreem meteorologesch Situatiounen.