
De Liewensmëttelproduzent Danone rifft weider Chargë vun de Puppelchersmarken Aptamil a Milumil zeréck, wéinst neie Recommandatioune vun der EFSA, der europäescher Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet, iwwer d’Grenzwäerter fir de Stoff Cereulid. Dat ass e Gëft, dat Bakterien entstoe léisst, déi bannent 30 Minutte bis 6 Stonnen zu staarker Iwwelzegkeet a Péng am Mo kënne féieren. Eltere sollte béid Produiten op kee Fall méi benotzen, heescht et vun Danone. Sollten d’Bëbeeën esou Symptomer weisen, nodeems se giess hunn, sollt een direkt mat hinne bei den Dokter.
Op de jeeweilegen Internetsitte vun der Sécurité Alimentaire a vun LU-Alert kënnen Elteren op Basis vum Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerpréiwen, ob ee Produit betraff ass, dee se kaaft hunn. Weider nëtzlech Adresse sinn aptaclub.de a milupa.de
An de leschte Woche goufen europawäit dofir ëmmer nees Mëllechpudder-Produite fir Puppelcher zeréckgeruff, ënnert anerem vun Nestlé, Babybio oder Popote. Betraff sinn d’Marke Laboratoire Gallia, Bledina, Aptamil an Nutrilon. Och d’Lëtzebuerger ALVA hat déi concernéiert Produiten zeréckgeruff.