Och aus dem Libanon si Missillen ofgeschoss ginn. Israel huet doropshi Ziler zu Beirut ugegraff. Vu schwéieren Detonatioune gëtt geschwat. Iranesch Buedemtruppe ginn iwwerdeems géint kurdesch Gruppéierungen am Irak vir. Dës solle méiglecherweis vun den USA mat Waffen ënnerstëtzt ginn, fir sech géint den Iran ze wieren.
Israel schwätzt mëttlerweil offiziell vun engem “historesche Succès”, fir seng Bierger an déi ziviliséiert Welt ze schützen. Den US-President Donald Trump huet bei enger Ried am Wäissen Haus änlech Téin ugeschloen. Op d’Fro, wéi gutt hien den Asaz zanter e Samschdeg géif bewäerten, sot hien, hie géif sech selwer 15 vun 10 Punkte ginn.
D’Argument vun den USA an Israel, d’Attacken hätten d’Zil, ze verhënneren, datt den Iran an de Besëtz vun Atomwaffe kënnt, kann de fréiere Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn net novollzéien. Hien war e Mëttwoch den Owend Invité am Journal op der Tëlee. De Regime zu Teheran hätt Unzeeche fir en Accord am Atom-Sträit ugedeit. Fir de Jean Asselborn ass et eng Ligen, wann den Donald Trump seet, d’nuklear Gefor duerch den Iran wier imminent gewiescht. Hie geet och net dovun aus, datt duerch de Krich e Regimmwiessel méiglech wier.
Eng direkt Konsequenz vum Konflikt spiere mir och wirtschaftlech. D’Pëtrolspräisser klammen däitlech: Hei am Land kaschten Diesel a Masutt zanter haut iwwer 20 Cent méi. Och an Däitschland ass Tanke markant méi deier ginn.
Den däitschen Automobil-Club ADAC reprochéiert de Pëtrolskonzerner, d’Präisser gezielt an d’Luucht ze dreiwen. D’Tanklageren wieren nach genuch gefëllt mat Brennstoff, deen zu méi bëllege Präisser akaaft gouf. Déi séier Hausse fir de Client wier dofir net ze justifiéieren.
Déi däitsch Wirtschaftsministerin Katherina Reiche gesäit dat änlech an huet d’Bundeskartellamt ageschalt. D’Situatioun dierft elo net ausgenotzt ginn.