Maniff virun US-Ambassade30 Leit protestéieren an der Stad géint de Krich am Iran

Lisa Weisgerber
Christophe Hochard
D'Fuerderung ass kloer: D'USA an Israel sollen ophalen, den Iran an de Libanon unzegräifen.

Iwwer 30 Manifestanten hate sech um Dënschdeg de Moie virun der US-Ambassade zesummefonnt, fir sech géingt de Krich am Iran auszeschwätzen. D’ASBL “Friddens- a Solidaritéitsplattform” huet op dëse Rendez-vous um Boulevard Emmanuel Servais invitéiert. De Message vun de Manifestante war kloer: “Stop the war of aggression on Iran.” D’USA an Israel sollen ophalen, den Iran an elo och den Libanon unzegräifen.

Et si Violatiounen also Verstéiss géint internationaalt Recht”, seet de Marc Burggraf vun der Friddens- a Sozialplattform. “Déi zwee Länner behaapten zwar, et wier e Preventivkrich, mä esou eppes ass guer net am internationale Recht virgesinn. Wann e Konflikt hätt misse gefouert ginn, hätt dat missen iwwer d’UN goen. An do gouf et näischt.”

30 Leit protestéieren an der Stad géint de Krich am Iran
En Dënschdeg de Moie war eng Maniff virun der US-Ambassade an der Stad.

Et wier der ASBL awer och wichteg, keng reliéis an politesch Positioun an dësem Kontext ze huelen. “Et ass un den Iraner selwer ze decidéieren, wien dat Land regéiert. Et schéngt mer kloer, datt der ganz vill am Iran, wéi an der Diaspora, géint de Regimm sinn. Mä dat heescht awer net, datt een dësen elo vu baussen ännere kann,” esou de Marc Burggraf weider.

Back to Top
CIM LOGO