
Ugespaante Situatioun um nationale Marché vun de Pëtrolsproduiten, esou nennt et de Wirtschaftsministère an engem Communiqué vum Mëttwoch de Moien. Duerch d'Dréchent ass de Schëffstransport um Rhäin an och op der Musel limitéiert. Dobäi kënnt, dass déi nächst Woch op der Zuchstreck tëscht der Stad an Tréier geschafft gëtt an do net drop ka gefuer ginn. Drëtte Problem: d'Fermeture vum Kanal Albert an der Belsch duerch d'Bränn am Naturschutzgebitt vum Héije Venn.
De Ministère suivéiert dat alles vu ganz no, heescht et am Schreiwes. D'Energieversuergung wier aktuell am Land assuréiert, mä et kéint een net garantéieren, dass et net zu lokalen Enkpäss oder Retarde wäert kommen.