Camion war ëmgetipptA6 a Richtung Arel war kuerz virun der Grenz wéinst engem Accident blockéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin matdeelt, koum et géint 11.20 Auer zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto. D'Streck war um 13 Auer nees geraumt.

Den Accident tëscht dem Camion an dem Auto op der A6 kuerz virun der Grenz mat der Belsch huet dozou gefouert, datt de Camion ëmgetippt ass. Dowéinst si béid Fuerspuere wéi och d'Pannespuer, wann een a Richtung Arel fiert, blockéiert. D'Police präziséiert weider, datt weder de Camionneur nach de Chauffer vum Auto blesséiert goufen.

Kuerz virun 13 Auer huet et vun der Police geheescht, datt de Camion schonn nees opgeriicht gouf an net méi op der Plaz wier. Esoubal d'Opraum- a Botzaarbechte vu Ponts et Chausées eriwwer wieren, géif d'Autobunn nees fir den Trafic opgoen, wat och e bësse méi spéit de Fall war.

Back to Top
CIM LOGO