Am Kader vum 25. Télévie war de Grand-Duc Guillaume och am Callcenter um Télévie-Telefon present. Hien huet sech besonnesch beandrockt gewise vun der Ambiance an dem Engagement.
“Ech fannen dat fantastesch ze gesinn, wéi vill Leit sech engagéieren“, esou de Grand-Duc. Hien huet d’Energie an d’Solidaritéit ervirgehuewen, déi hannert dem Télévie steet.
“Mir sinn do fir déi, déi krank sinn, si brauchen eis Ënnerstëtzung a mir loosse se net falen.“
De Grand-Duc huet och ënnerstrach, datt den Télévie fir seng Famill eng laang Traditioun huet. Seng Mamm, d’Grande-Duchesse Maria Teresa, hätt sech iwwer vill Joren engagéiert, an och seng Fra, d’Grande-Duchesse Stéphanie, war e Samschdeg de Mëtteg zu Rodange engagéiert fir den Télévie. Fir hien ass et virun allem eng Geleeënheet, fir all deene Merci ze soen, déi sech asetzen, vun de Betraffenen iwwer d’Benevolle bis hin zum Fleegepersonal, den Dokteren a Fuerscher.

Besonnesch markéiert huet hien e Gespréich mat enger jonker Betraffener.
“Et ass fantastesch hire Courage ze gesinn“, esou de Grand-Duc Guillaume. Dës Kraaft an dëse Kampfgeescht géifen d’Wichtegkeet vum Télévie ënnersträichen.