Um JoreswiesselKeng Loscht op Silvester?

Nicky Soisson
Iwwerdeems verschidde Leit scho Wochen am Viraus plange wat si Silvester maachen, wéilten anerer de Joreswiessel am léifsten einfach verschlofen.
© www.pixabay.com

Wann och Dir zu deene gehéiert, déi mam 31. Dezember net vill ufänke kënnen, da soll dat, reng psychologesch gesinn, eppes iwwert Är Perséinlechkeet aussoen. Grënn dofir kënnen et der direkt e puer ginn.

Keng Loscht op Silvester?

1. Dir sidd éischter introvertéiert
Introvertéiert Leit tanken hir Energie virun allem beim eleng sinn oder a klengen, vertraute Gruppen op. Grouss Rassemblementer, haart Musek a vill Andréck gläichzäiteg kënnen d’Gehier vun introvertéierte Leit séier iwwerreizen, well se d’Reizer méi intensiv wouerhuelen a verschaffen.
Eng typesch Silvester-Party ass dohier méi ustrengend wéi erhuelsam.

2. Dir sidd kee Frënd vu gezwongenem Gutt-Drop-Sinn
Silvester ass et dacks den Zwang, gutt gelaunt ze sinn. Jidderee soll feieren, danzen an ëm Mëtternuecht euphoresch sinn. Wann Dir dës operluechte Feierlaun net gären hutt, da sidd Dir eventuell een, deen Authentizitéit iwwert sozial Erwaardunge stellt. An dat weist Selbstbewosstsinn an d’Fäegkeet, sech net vun Erwaardunge vu baussen ënner Drock setzen ze loossen.

3. Iwwerflächlechkeet ass net sou Äres
Op Silvester trëfft een dacks op Smalltalk an iwwerflächlech Gespréicher. Leit, déi esou Fester vermeiden, schätzen dacks déifgrënneg Relatioune méi wéi locker Bekanntschaften. Iech ass et wichteg, Zäit mat manner dofir awer richtege Frënn ze verbréngen, amplaz Iech duerch iwwerflächlech Gespréicher ze kämpfen. Dës Preferenz schwätzt fir eng Perséinlechkeet déi Qualitéit iwwer Quantitéit stellt.

4. Dir sidd héich sensibel
Héich sensibel Leit huele Reizer wéi de Volume, Geroch, Luucht a vill Leit besonnesch intensiv wouer. Si kënne sou wuel kierperlech wéi och psychesch séier vu Freedefeier, Musek a Gedrécks iwwerwältegt sinn.
Héich sensibel sinn heescht dacks, immens empathesch a kreativ ze sinn a fäeg, déif emotional mat senge Matmënsche verbonnen ze sinn.

5. Dir hutt Ären eegene Rhythmus fonnt
Wie Silvester net feiere wëllt, huet dacks geléiert op déi eege Bedierfnesser ze lauschteren aplaz blann de gesellschaftlechen Normen nozegoen. Dir wësst wat Iech gutt deet a wat net, an Dir handelt deementspriechend. An dat ass en Zeeche vu Maturitéit.

Et ass also absolut ok, kee Fan vu Silvester ze sinn. Dat Wichtegst ass, dass Dir dat maacht, wouropper Dir Loscht hutt an Iech net zu eppes iwwerrieden oder matrappe loosst, wat Iech net gefält. Schliisslech ass nëmmen eemol d’Joer Silvester.

Back to Top
CIM LOGO