An ARD-PodcastGrand-Duc Henri verréit, wéi hie sech fit hält

Samantha Weber
De Grand-Duc Henri ass grousse Sportfan a mécht och selwer gäre Sport. Wéi hie sech fit hält a wéi eng Kierperdeeler vläicht net méi sou matspille wéi fréier, huet hien an engem Podcast mat der däitscher Royal-Expertin Annelie Malun verroden.

Och wann de Réck an d’Knéien haut net méi grad esou matmaachen, probéiert de Grand-Duc Henri sech esou gutt wéi et geet, fit ze halen, verréit hien der Royal-Expertin Annelie Malun an hirem ARD-Podcast “Annelies Royale Welt”.

Nieft dem Schwammen hätt de Groussherzog fréier vill Kitesurfing gemaach. Dat géing haut awer net méi sou gutt goen, well säi Réck ufänke géing, wéi ze doen. “Mä dat ass den Alter”, laacht de Lëtzebuerger Grand-Duc. Och Tennis wier “eriwwer”. Do géingen d’Knéien net méi matspillen.

Dofir setzt de Groussherzog Henri haut op Pilates, wat hien och ganz angeneem fënnt. Hie géing probéieren, ee Mol d’Woch Pilates ze maachen, “fir d’Muskulatur ze halen”.

Donieft hunn de Grand-Duc Henri an d’Royal-Expertin Annelie Malun an hirem Podcast nach iwwer de sportlechen Engagement vum Groussherzog geschwat a mat wiem hien am léifste Schi fiert.

Back to Top
CIM LOGO