61 Joer nom Groussherzog JeanGrand-Duc a Grande-Duchesse kommen e Freideg fir d'Joyeuse Entrée op Esch

Pierre Weimerskirch
De Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie komme fir déi éischt Etapp vun de Joyeuses Entrées nom Trounwiessel op Esch.
Grand-Duc Jean zu Esch
© Photothèque de la Maison grand-ducale / Roger Prospert

Virun 61 Joer, de 7. Mäerz 1965, waren de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte fir hir éischt Joyeuse Entrée zu Esch-Uelzecht. An och fir de Grand-Duc Guillame an d'Grande-Duchesse Stéphanie ass dat déi éischt Etapp vun hirer Tournée duerch d’Land nom Trounwiessel.

Nieft dem offiziellen Empfang ginn et Animatiounen, kulturell Optrëtter a Méiglechkeeten, fir d’groussherzoglech Koppel zu Belval an op der Brill-Plaz zu Esch ze begéinen.

E puer praktesch Informatiounen

Wéinst dem Event kënnt et zu Aschränkungen am Verkéier. Verschidde Stroossen zu Belval an am Zentrum vun Esch ginn deelweis gespaart oder sinn nëmme limitéiert accessibel.

D’Gemeng recommandéiert de Leit, op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen oder ze Fouss ze kommen. De P+R Belval Gare an aner Parkplaze baussent dem Zentrum sollen eng Alternativ bidden.

Och am ëffentlechen Transport kann et zu Upassunge kommen, jee nodeem wéi d’Situatioun sech entwéckelt.

Back to Top
CIM LOGO