Vläicht GeriichtsaffärFrankfurt-Spiller Danny Da Costa verklot seng Mamm wéinst 6 Trikoten

RTL Lëtzebuerg
E Freideg an enger Woch hu Mamm a Bouf Rendezvous virun engem Riichter zu Köln. Den Da Costa hätt gäre 6 Trikoten zeréck, déi hien a senger Jugend unhat.

D’Affär ass u sech ganz einfach: Den Danny Da Costa wëll seng Trikoten erëm. Seng Mamm geet dovunner aus, datt hire Bouf hir déi geschenkt huet. Elo soll wuel e Riichter, wa si sech virdrun net eenegen, iwwert dëse Sträit decidéieren.

D’Trikote si vun de verschiddene Clibb, fir déi den Da Costa eng Kéier gespillt huet, dorënner ee vu Leverkusen, Ingolstad a verschiddener vun den däitsche Jugendnationalekippen. Dës hätten en emotionale Wäert fir de Futtball-Profi vun Eintracht Frankfurt an dowéinst wéilt hien déi zeréck.

An der däitscher Press gëtt spekuléiert, datt d’Trikote just e Symbolcharakter hunn. Den Da Costa huet laang Zäit seng Mamm a Schwëstere finanziell ënnerstëtzt, Uni a Loyer vun der Wunneng soll hie bezuelt hunn, nodeem de Papp d’Famill verlooss hat. Hei deit elo villes drop hin, datt hien dëst an Zukunft net méi maache wëll.

Back to Top
CIM LOGO