Dëse Moment war dëse Sonndeg um 16:03 Auer, wéi d’Sonn um déifsten astronomesche Stand war. D’Wintersonnenwende, Midwinter op Englesch a Solstice d’hiver op Franséisch, steet dann och op der Nordhallefkugel vun der Äerd fir de kierzten Dag an och logescherweis déi längsten Nuecht.*
*An enger éischter Versioun hate mer online, datt um 21. Dezember d’Äerd am Wäitste vun der Sonn ewech war. Dat ass awer am Juli de Fall. Am Januar d’Distanz tëscht Äerd a Sonn dogéint am kierzten. Déi kierzten Distanz nennt ee “Perihel” an déi längsten Distanz “Aphel”. Dëst Phenomeen huet awer näischt mat de Joreszäiten ze dinn, déi ginn duerch d’Neigung vun der Achs vun der Äerd beaflosst. Dofir ass et dann eben am Januar op der Nordhallefkugel kal, obwuel mer méi no un der Sonn dru sinn.